Luxembourg Private Business Center

PBC Luxembourg

Private Business Center Luxembourg huet de Label Made In Luxembourg.

Eise Lëtzebuerger Geschäftszentrum huet 45 Büroen, 4 Reuniouns- / Konferenzraim, Archivraim an iwwer 30 Parkplazen. E Coffee corner, eng agreabel Terrass an e Gaart am Bannenhaff sinn ideal fir sech och emol ze entspanen oder Networking ze maachen. Eise Private Fitness Center dréit dozou bäi, datt Dir kierperlech a Form bleift. Alles ass bis an dee klengsten Detail op Äert Wuelbefannen ausgeriicht.

Am Zentrum vun der Stad, manner ewéi 10 Minutten zu Fouss vun der TGV-Gare ewech, läit PBC Luxembourg ideal tëschent de Geschäftsquartiere vum Stadzentrum a vun der Gare, wou och vill Banken a multinational Entreprisen hir Sëtzer hunnParkplaze sinn am ëffentleche Parking Rocade disponibel. D’Buslinn 29 huet eng Haltestell direkt virum Zenter a fiert bis op den internationale Fluchhafe vu Lëtzebuerg. D’Lag vum Gebai direkt nieft dem Sofitel Grand Ducal an dem Novotel Luxembourg Centre mécht et fir Visiteuren, Clienten oder auslännesch Partner méiglech, direkt niewendrun ze iwwernuechten. 

Private Business Center Luxembourg huet eng ultra-modern Infrastruktur. 

null

 

Lëtzebuerg, e strategesche Standuert

Eis geographesch Lag ass e grousse Virdeel: am Zentrum vun Europa ass Lëtzebuerg deen idealen Ausgangspunkt op den europäesche Marché, deen méi wéi 500 Milliounen Konsumenten ëmfaasst. D’Finanzplaz vu Lëtzebuerg ass deen zweete weltwäiten Zentrum fir Pensiounsfongen, dee gréissten europäeschen Zentrum fir firmeneege Réckversécherungsgesellschaften an deen éischten Zentrum vun Privatbanken an der Eurozon. 

Duerch seng exzellent Verbindung zu de Marchéen a d'Stabilitéit vun sengem rechtlechen a steierleche Kader, bitt Lëtzebuerg grouss Méiglechkeete fir an Europa an och weltwäit Geschäfter ze maachen.

null

Loading ...