Portiersdéngscht
Iech empfänken, informéieren, assistéieren: genee wéi an de gréissten Hotellen erliichtert eise Concierge Ären Alldag a këmmert sech ëm Äert Wuelbefannen duerch seng Expertise a seng gutt Kontakter. Eng Fläsch Schampes, e Bouquet Blumme fir Äert Owesiessen? En Auto mat Chauffeur, e private Fluch? Maacht Iech keng Gedanken, eise Portier iwwerhëlt dat fir Iech. Fräi vun Äre Contrainten kënnt Dir Är Zäit besser andeelen a gewannt u Liewensqualitéit.
Servicer fir den Alldag:
Botzerei, Retouchen, Schouschter, Autoswäsch, Revisioun vun Ärem Auto, e Rendezvous beim Dokter huelen, Iessensliwwerung, Blummeliwwerung, Kaddoen...
Servicer fir d’Fräizäit:
Restaurantsreservatioun, kulturell Ausflich, sportlech Aktivitéiten, organiséierte Weekend, …
